Am Kader vun der Ausstellung iwwert Barockkonscht aus Florenz, déi nach bis den 21. Februar am MNHA ze gesinn ass, haten d’Schüler aus dem «Atelier Art et Musées» vun der ENAD d’Geleeënheet un engem flotten Zeechekuer mam Kënschtler Pit Molling deelzehuelen.
De Pit Molling, jonken Artist vun deem den MNHA 2020 och e Wierk fir a seng Sammlung kaf huet, ass en Expert wat dat fräit Zeechnen ugeet an huet
schonn d’„How to draw“-Workshops fir den erwuesseneMuséespublic encadréiert.

Mat de Schüler vun der ENAD konnt hie säi Know-how a punkto figurativ Zeechnen deelen a selwer spannend nei Erfarunge maachen.

Hei ass den détailléierten Artikel deen am MuseoMag 01/2021 publizéiert ginn ass.