Op der internationaler Gedenkfeier, den 17. September 2022, am fréiere KZ Hinzert hunn d’Angela Perl an den Aron Thilmany mat den Enseignantën Tania Biel a Xavier Woltz Aspekter vun der Gedenkaarbecht an der ENAD virgestallt. Mir sinn houfreg fir hiren Asaz iwwert dat lescht Schouljoer fir dës wichteg Aufgab, déi fir d’ENAD als UNESCO-Schoul och an Zukunft e Pilier vun der pädagogescher Aarbecht wäert sinn, ganz am Sënn vun dësen Zeilen vum Angela Perl:

 

Mier sinn déi 4. Generatioun, 

et ass eis Pflicht eis ze erënneren.  

Mier hunn alleguer eng Relatioun,  

an mier mussen eis ëm d’Erënnerung këmmeren.  

 

Un d’Affer gedenken mir haut, 

déi verstuerwen sinn duerch verschidden Uersaachen. 

Eis Zukunft gëtt nach opgebaut, 

an mir wëllen nët déi selwecht Fehler maachen!