Dir sidd eng Persoun, déi een lëtzebuergeschen Diplom kréien wëll, fir domadder entweder op eng Héichschoul (héi zu Lëtzebuerg oder Ausland) können ze goen oder fir eng aaner berufflech Carrière unzeviséieren? Dir sidd engagéiert, motivéiert an wëllt schoulesch/berufflech weiderkommen? Dann ass d’Formatioun vum DAES (Diplôm d’accès aux études supérieures) genee daat richtegt fir Iech.

D’Ekipp vum DAES aus der ENAD bidd fir all interesséiert Persounen Info-Séancen iwwert den DAES op LUX un. Des fannen statt:

  • Donneschdes, den 19. Mee vun 18H00 bis 19H00
  • Donneschdes, den 14. Juli vun 18H00 bis 19H00

Weider Infos esou wéi d’Aschréiwung zu den eenzelnen Séancen fannt Dir héi: https://www.enad.lu/offre-scolaire/daes-diplome-dacces-aux-etudes-superieures/