• Wat bewierkt Cannabis am Gehir?
  • Wéi zourechnungsfäheg bass du bei 1,5 ‰?
  • Wéi géings du als Elterendeel reagéiere, wann…

 

Am Mäerz war de Cannabiskoffer vum CepT an de Klasse vun der ENAD am Asaz. Mat reflexiven a spillereschen Übungen konnten d’Apprenanten hiert d’Wëssen erweideren an iwwer d’Problematik nodenken. Zënter annerhalwem Joer schafft d’Schoul mam Centre de prévention de toxicomanie (CepT) zesumme fir e laangfristegt Konzept zu Liewenskompetenzen, Suchtpräventioun an Interventioun bei Drogekonsum op d’Been ze setzen.  Eng Personalekipp ass forméiert ginn, wend hier Kompetenze un an agéiert lo als Multiplikateuren.

Op de Klassen 5BA gouf weider, zesumme mam CepT, eng Theemewoch organiséiert, wou d’Schüler d’Geleeënheet haten sech an Aspekter vun der Thematik anzeschaffen. Si hunn hir Erkenntnisser virun interesséierte Matschüler presentéiert an diskutéiert.