Iwwergab vun der « Rucksakbibliothéik » vum CM2GM a Vernissage « Arts & Culture » 2020-21

Den 18. Mee 2021 huet an der ENAD d’Iwwergab vun der „Rucksakbibliothéik“ vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale (CM2GM) souwéi den traditionnelle Vernissage vun den Ateliers „Arts et Culture“ aus der ENAD stattfonnt.

Zesumme mat der Ecole Privée Sainte-Anne konnte mir d’Fakel vun der Erënnerung un d’Vertrieder*innen vun den UNESCO-Schoulen Lycée technique du Centre a vun den Ecoles fondamentales vu Stroossen weiderginn. Merci der Mme Claude Wolf, der Mme Arlette Lommel vum CM2GM an der Präsidentin vun der lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, Mme Simone Beck fir hir ureegend Wieder.

Et bleiwen interessant Erfahrungen a Praktiken am Beräich vun der Gedenkaarbecht a Mënscherechtserzéiung, déi mir dëst Schoouljoer, trotz Pandemierestriktiounen, realiséiert hunn an an d’Waliss geluecht hunn. A virun allem: Chapeau all deene formidabele kënschtleresche Produktiounen aus den ënnerschiddlechen Atelierën, déi d’Wänn vum Carré beräicheren an de Geescht vun eiser Schoul ofbilden.